Botaniker, Rued-Sir, 63 Joer, Gemengerot
Präsident déi gréng Betzder, CIPA Niederanven an Grevemaacher, Commission de la Communication
„Ech si bestuet, hunn 2 erwuesse Kanner a sinn e Rueder zënter 30 Joer. Ech hunn 30 Joer laang am Naturmusée als Botaniker geschafft. Wichteg si mir e verantwortlechen Ëmgang mat eiser Ëmwelt, bezuelbare Wunnraum fir eis Jugend, nei Wunnforme fir den drëtten Alter, an Integratioun vun alle Matbierger.“











