Freelance Journaliste, schreift ënner anerem de Rapport vun de Gemengerotssëtzungen vun anere Gemengen, Rued-Sir, 57 Joer
„Ech sinn net bestuet, hunn en erwuessene Jong deen zu Rued-Sir opgewuess ass. Ech liewen zënter 30 Joer zu Lëtzebuerg, dovun 21 Joer a menger neier Heemecht zu Rued-Sir,
Mir ass et wichteg, dass eis Gemeng, déi an enger wonnerbarer Naturlandschaft leit, hir Liewensqualitéit behält a fir dass se keng „Schlofgemeng“ gëtt, leit mir en aktiivt Veräinsliewen souwéi Projet’en um Häerz, déi mat de Bierger ausgeschafft ginn. Dozou gehéieren den Ausbau vu Wanderweeër a Gemeinschaftsgäert.“











