Ana Luisa TEIXEIRA

Catégories : 
Candidat(e)s 2017
Commune : 
Betzdorf

Gestionnaire diplômée en relations internationales, Betzder, 44 Joer

« Ech wunnen zënter 2013 zu Betzder, si bestuet mam Raymond Aendekerk an hunn eng Duechter vu 14 Joer.

Meng Erfarung leit an der Gestioun vu Finanzen an am Audit. Déi gréng Partei ass fir mech déi eenzeg wierklech koherent Visioun fir Zukunft, e Projet wou jiddereen seng Plaz huet, ganz onofhängeg vun der Nationalitéit oder der Hautfaarf.

Ech engagéiere mech fir eng gesond Ëmwelt fir eis Kanner a Kandskanner a schaffen hin op eng Entwécklung vun eiser Ekonomie déi de Mënsch, d‘Ëmwelt an d’Déiere respektéiert. Finanzéierbare Wunnraum ass mir wichteg genausou wéi d’Ënnerstëtzung vu lokalen a regionale Producteuren a vun den Associatiounen déi sech asetze fir eng sozial Reinsertioun an Integratioun. «