Fluglotsen (contrôleur de trafic aérien) Rued-Sir, 53 Joer
Nohaltegkeetskommissioun, Klimabündniskommissioun, Aarbechtsgrupp Klimapakt
« Ech si bestuet, hunn 2 erwuesse Kanner a wunnen zënter méi wéi 20 Joer zu Rued-Sir. Meng Hobbyen si Seegelfléien, Vëlo a Musek. Ech hu bei ville Projet’en an de Kommissioune matgeschafft.
Ech sinn zënter 2011 Member vun der grénger Sektioun Betzder. Mir ass et wichteg, dass ons Gemeng och an Zukunft seng Bierger ënnerstëtzt am responsabelen Ëmgang mat onse Ressourcen, a well mech asetze fir e weideren Ausbau vun Elektro- an Doucer Mobilitéit, a Kombinatioun mam ëffentlechen Transport.»











