Employée privée am Finanzsekteur, Ouljen, 51 Joer
Trésorière Elterevereenegung
„Ech si bestuet, hunn 2 Duechtere vun 12 a 14 Joer a wunne säit 2001 zu Ouljen.
Meng Hobbye si joggen, liesen a reesen. Zënter 2015 sinn ech an der Elterevereenegung vun der Gemeng Betzder. Wichteg fir eis Gemeng si mir e soziaalt Ëmfeld an eng Infrastruktur ze schafe fir e flott Zesummeliewen tëschent den ënnerschiddleche Generatiounen, Nationalitéiten a Kulturen déi an eiser Gemeng vertruede sinn. Jidderee soll sech bei eis wëllkomm a wuel fillen.“











