An eiser Gemeng kann een gutt liewen

An de leschte Joren huet sech Villes an eiser Gemeng gedoen. Zesumme mat eisem Koalitiounspartner hu mir eng ganz Rei Projet’en realiséiert, déi mir iech hei kuerz virstellen.

Et war an ass eis nach en Uleies erëm méi ëffentlecht Liewen an eis Dierfer ze bréngen. Duerfir hu mir drop gehalen, dass de Fonds du Logement a sengem Bauprojet vis-à-vis vun der Gare zu Rued (Bowéngsbierg) och Geschäftsraim a Plaz fir aner Servicer mat plangt.

Dat huet dem Dokter et erméiglecht seng Praxis ze vergréisseren an een zweete Medeziner mat eran ze huelen. Och een Analyselaboratoire steet elo deeglech zur Verfügung.

Besonnesch frou si mir awer och, dass et eis gelongen ass erëm eng Epicerie op déi Zentralplaz vu Rued ze kréien. “Beim Lis” fënnt een alles wat een am Alldag brauch an dat 7 Deeg op 7. Deemnächst wäerten do och nach e klenge Postbüro an eng Päckstatioun funktionéieren.

 

Well eis Gemeng an deene leschte Jore staark gewuess ass an och nach weider wuesse wäert, hu mir vill an Infrastrukturen investéiert.

 

Fir de Famillje mat Kanner Rechnung ze droen hu mir stänneg an den Ausbau vu Schoul an der Maison Relais geschafft. De Konzept vun eiser Bëschcrèche stéisst am ganze Land op Bewonnerung an Interessi. A fir d’Gebai selwer hu mir schonn eng Rei national an international Präisser kritt.

Fir déi eeler Leit an eis Jugendlech si mir am Gaang d’Haus (Iewescht Bowéngs) zu enger Plaz auszebauen, wou si sech begéinen an ophale kënnen.

Duerch d’Uschafe vu mobille Gradin’en an den Ubau vun enger Verrière hu mir eise Kulturzenter Syrkus vill méi attraktiv gemaach.

Et ass haut schwéier Wunnraum zu engem verstännege Präis ze fannen. Duerfir si mir am Gaang zu Menster dräi Wunnenge fir jonk Leit aus der Gemeng ze bauen.

 

Als Gréng leien Ëmweltschutz an e schounenden Ëmgang mat de natierleche Ressourcen eis besonnesch um Häerz. Mir hunn duerfir zesumme mat eiser Nopeschgemeng Fluessweller eis Drénkwaasserquellen um Widdebierg mat hirem Anzuchsgebitt ënner Schutz gestallt.

 

Fir der Gemeng an den Awunner ze hëllefen Energie an deemno och Käschten ze spueren, hu mir een Energieberoder agestallt.

 

Op deenen nächste Säite fannt dir méi Detailer iwwer dëst an och weider Projet’en, déi mir ugepaakt hunn.

 

Dernières actualités

Voir toutes